
Economie zu Lëtzebuerg: Eng Geschäftschaîne fir Sport a Moud huet jo mam Andy, Frank a mam Kim besonnesch 3 Leit, wou si Werbung maachen an hiren 3 Geschäfter zu Lëtzebuerg. De Kim ass hoffentlech nëmme provisoresch ewech gefall, et ass demno logesch, datt si elo nëmme méi 2 Geschäfter féieren.
Jonk ausgesinn ass in: D'Leit gi vill Suen aus, fir jonk ze bleiwen. Eng Firma profitéiert vum Tour de France, fir Werbung ze maachen. Si fiert vill Vëlo mat hire Clienten a besonnesch Prologuen, well beim Prologue fiert ee "contre la montre", et dréint ee quasi d'Zäit zeréck.
Arbitrage op der WM: Kee Wonner, datt grad en Arbitter aus Uruguay, dat beim Golf vu Mexico läit, den englesche Goal annuléiert huet géint Däitschland, bedenkt een, wat déi britesch Entreprise BP am Golf vu Mexico alles futti mécht.
WM: Firwat ginn d'Véierelsfinallen op der WM ëmmer fréistens 3 Deeg no den Aachtelsfinalen gespillt? Et muss Zäit bleiwen fir d'Siwentels-Finalen, d'Sechstels-Finalen an Fënneftels-Finalen.
Fans: Munch diskret Fans hunn de Fändel vun hirer Lieblings-Selektioun op hir ënnescht Box gebutt. Wann hir Favoritte verléieren, da geet et fir d'Equipe a fir de Fändel an d'Box.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...