EU Presidence: Eise Premier huet heiwéinst ganz vill Visitten ënner anerem elo kuerz beim Britesche Premier. De Lëtzebuerger Regierungschef huet ëmmer de selwechte Message a sech. Well zu London iwwert d’Justice a “Police” diskutéiert gouf, nennen d’Britten déi Visite “Message in e Bettel”.

Iwwerraschung beim Dammen Open: D’Japanerin Misaki “Doi” huet jo den Eenzel gewonnen an am Dubbel war et d’Koppel Siegemund/Barthel aus “Doi”tschland.

FIFA Affär Suite: Den ex President vun der Däitscher Federatioun Theo Zwanziger schwätzt vun enger Schwaarzer Kees am Kontext WM 2006 an Däitschland. Hien war jo 2006 President vum DFB. Wann een Zwanziger (20) an 06 beieneen setzt da kënnt een zoufälleg op 2006.

Wanterzäit um Mantelsonndeg: Ëmmer méi Aueren an Smartphones réckelen d’Zäit automatesch. Vü datt dat jiddereen dat praktesch fënnt an d’Geschäfter um Mantelsonndeg op waren, goufen erstaunlech vill esou Aueren kaf an di al Aueren goufen ersat. Déi Leit hunn also den Dag 2 Mol d’Auer gewiesselt.

De Josy Barthel ass voll: Et ass séier gaangen fir fir de Match Lëtzebuerg-Portugal de Stadion voll ze kréien. Dëst haaptsächlech well de Cristiano Ronaldo sollt kommen. Mueres um 8 Auer sinn d’Fonctionnairen vun der FLF schaffe komm a kuerz no 3 koum eng Mail datt d’Ticken all fort wieren. “Complette Réservation en 7 heures”; also CR7 an elo kënnt hie net...

AUDIO: Flunkernews 38/15 vum Serge Olmo.

De nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...