
Sextape Erpressung: De Karim Benzema ass zu Lyon gebuer an den klengen Mathieu Valbuena spillt zu Lyon. Dës zwee si jo am Mëttelpunkt vun dem Skandal. D’Stad Lyon ass wéinst sengen Wurschten a Lyoner Zoossisse bekannt. Et gesäit een anscheinend och an dem Video dem klenge Lyoner seng Zoossiss.
Fëmmen ass jo kriibsereegend: Ufank der Woch koum iwwerraschend d’Noriicht datt ze vill Charucuterie och kriibserreegend kinnt sinn. Vläicht ass de "Jambon fumé” geféierlech fir Longekriibs ze kréien ?
Enn vun Ee-Kand-Politik a China: An der Volksrepublik, do wou d’Pollutioun enorm ass, wëllen si domatter ophalen. Et ass vläicht e gudde Moment an der Volks-wagen Republik Däitschland, wéinst der Pollutioun, eng Een-Auto-Politik anzeféieren…
Pollutioun a Natur: D’Veganer, déi keng Déieren iessen an och keng Derivater vun Déieren, si besonnesch opbruecht iwwer de VW Skandal. D’Natur an d’Déieren leiden och immens heirënner. Dës naturbewosst Leit, déi sech géint den aktuellen Skandal wieren, sinn d’VW-ganer.
Fir oder géint d’Grippenimpfung? Während de kalen Joereszäiten ass et ganz gesond waarm Molzechten z’iessen, wéi zum Beispill moies e gudde waarmen Toast. Di waarm Iesswueren, déi aus dem "Toaster" kommen, sinn esou efficace wéi eng "Grippenimpfung" mä et ass eben eng “Grille Pain Impfung”.
De nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...