
Gratwanderung: De Viktor Orban ass jo bekanntlech dee strengste am Kontext Flüchtlingspolitik. Et war een iwwerrascht datt hien annoncéiert huet datt hien awer elo Flüchtlingen géif ophuelen an zwar all di Moikanesch an dat bis dee Leschten vun hinnen.
Lufthansa Streik: Dësen hat eng Inzidenz op ganz Europa an esouguer méi wäit. Och bei eis an der Fussball Éierepromotioun goufen zwee Matcher dowéinst ofgesot. Esou iwwerraschend ass dat net datt di Spiller de Fliger mussen huelen well all Equipe aus der Promotioun ass jo e Promotion-Air.
Enorme Skandal an der Liichtathletik : Di Russesch Federatioun soll aus der internationaler Federatioun ausgeschloss ginn wéinst Dopping am grousse Stil. Elo wou dat eraus koum a net méi an der Liichtathletik gedoppt ka ginn, ginn et Gerüchter déi soen dat Russland seng Dieren grouss opmëscht fir Flüchtlingen aus Kenia, Äthiopien an Jamaika.
Rond-Point Serra: Et gëtt de Moment vill vum Turbo Rond-Point geschwat. Ech hu mer emol d’Fro gestallt firwat de Rondel esou heescht. Et ass datt well dat grousst Monument um Rond-Point vum Richard Serra skulptéiert gouf. Et mëscht Sënn grad op engem Rond-Point esou Monumenter opzeriichten well do wou eppes ronderëm dréint ass eng Sculp-Tour ubruecht.
Onpopulär: Um Enn vu der Weltexpo vu Shanghai, wou och d’Gëlle Fra ausgestallt gouf, hatt sech 2010 d‘Popularitéit vun der Statue deemools och op d’Regierung ofgespigelt. Elo kuerz no der Weltausstellung vu Mailand ass d’Regierung geplot mat der Onpupolaritéit vun der Kulturministesch. Si huet dacks chique gëlle Bijouen un. Ass si d‘Nagëlle Fra“ ?
De nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...