
Trafic: Nodeems di Däitsch an der Halleffinall verluer haten, ass et op der Baustell vum Tunnel Houwald aus Direktioun Tréier besser gaangen. Di däitsch Automobilisten, wéi d'Football-Spiller, wëssen elo, wéi dat geet, kuerz virum Zil een eran ze loossen.
WM a Famill : Nodeems ech quasi all Match gekuckt hat, hat ech awer keng grouss Loscht, di éischt Aachtelsfinale ze suivéieren. Meng Fra huet dat komesch fonnt. Ech hat awer keng Loscht, vill Erklärungen ze ginn, do hunn ech alt och dee Match gekuckt.
Abzebiller: Ech hunn elo endlech verstanen, wisou keng Abzebiller vun den Trainer an de Paninisalben ze fanne sinn ... an zwar well di meescht Trainer no der WM guer net méi do sinn.
Orchester: D'klassesch Musik wëll mat der Aktualitéit matgoen. An engem bekannten Orchester aus dem Süde vum Land ass bei de Blosinstrumenter nieft de Clarinetten, den Hautboisen, de Fluten elo och eng Vuvuzela.
Touristen: Op den Autobunne gesäit ee vill Hollänner, di mat engem Van oder an enger Cara-Vane fueren. Dat passt bei si. Et ass och kee Wonner, datt hire Numm ganz dacks mat « Van » ufänkt.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...