AUDIO: Flunkernews

Chrëschtmaart: Dësen huet opgemaach an och hei soll een oppassen zu dësen geféierlechen Zäiten mä et soll een sech net geckeg maachen. Méi bewaffnet Leit passen op eis op. Et ass jo net fir näischt op der “Place d’Armes” an och wa keng Waffe verkaf ginn dann awer Wäffelcher.

EURO 2016 am Frankräich: Di Deeg no den grausamen Attentater goufen et bei eisem Noper deelweis Barragen op de Grenzen. Di selwëscht Deeg goufen och d’Play-Off Matcher gespillt fir sech nach fir d'EM ze qualifizéieren. Leider haten di sougenanante Barragematcher wierklech eppes mat Kontrollbarragen ze dinn.

Lëtzebuerg géint Portugal: Leider war virum Match d’Nouvelle komm datt zu Hannover Däitschland géint Holland annuléiert gouf wéinst Bommenalarm. Et kënnt een sech de Moment e bessen vir wéi am Krich. Obwuel de Star vun de Portugisen net do war, huet een dacks un de Krich-tiano Ronaldo geduecht.

Keng anonym prepaid Kaarte méi: Dat ass e Schratt an Direktioun méi Sécherheet bei eis. Mer géifen eis freeën wann et an den zum Beispill an den USA keng anonym prepaid Kalchnikoven méi ze kafen géifen ginn.

Anonymous géint d'Terroristen: Dat ass eng gutt Initiativ. Den Hacker Mouvement soll zum Beispill och de Siten vun de Neonazien de Cyberkrich erkläeren. D'Hacken-Kräizer solle verschwannen.

De nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...a virun allem "Je suis Paris".