
Thanksgiving an den USA: Um Donneschdeg gouf bei dësem traditionelle Fest immens genee kontrolléiert well an den Dinden, déi hin an hir transportéiert goufen, ee jo kinnt Sprengstoff verstoppen. Muenchereen huet misste seng Carte d’iDinde-tité weisen. Russeschen Kampffliger ofgeschoss: Vill Russen si schockéiert datt d’Türken dësen ofgeschoss hunn. Am Léifsten hätten dës och um Donneschdeg Thanksgiving gefeiert an e puer Turkeys dout gemaach…
Botox a Viagra fusionéieren: D’Geld steet awer wierklech ëmmer am Mëttelpunkt. D’Produkteuren vu Botox a Viagra installéieren sech an Irland fir manner steieren ze bezuelen. Et ass deemno kee Wonner datt di 2 Konzerner fusion-Irren.
D’Decisiounen bei de Walfer Bicherdeeg: D’Buchpräisser goufen verdeelt. Politesch gesinn gouf am Kontext Burka kee Gesetz gestëmmt obwuel d’Gemengen dat fuerderen. D’Regierung krut an der Period vun de Walfer Bicherdeeg kee Buch-ka Präis.
EM 2016 ouni d’Nummer 16 am FIFA-Ranking: D’Oranjeteam ass net dobäi, mä, well am Frankräich ganz vill iwwer Securitéit geschwat gëtt, an de franséische President staark gefuerdert wäert ginn, wäert trotz hirer Absence am Meeschten iwwer Hollande geschwat ginn.
De nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...