
Kongress vun der DP: D’Demokraten hate sech am Tramsschapp um Lampertsbierg gesinn, fir eng nei Féierung ze wielen. Esouguer an den USA gouf dat wouer geholl. Am Fong ass et awer onlogesch datt d’Demokraten hiren Kongress hei haten; et hätt een éischter Republikaner am TRUMPsschapp gesinn.
Et geet ëm eis Zukunft: Firwat gëtt ëmmer vun CO2 Ausstouss an vun 2°C geschwat. Vläicht well et zesummen passt, well wann een CO2 vun hanne no fir liest dat gëtt dat och 2°C (2 Grad Celsius).
COP 21: D’Zil ass et jo datt d’Temperturerhéigung vun der Äerd net méi wéi 2 Grad soll sinn. Et traut een de Russen an dem President Putin net onbedéngt. Dat mat de “Grad” ka bei hinne scho mol änneren, wéi zum Beispill am Fall vun de Stied Stalingrad an Leningrad, déi jo mëttlerweil St. Petersburg a Wolgograd heeschen.
Keng Olympesch Spiller zu Hamburg: Et gouf also net nëmmen dës Woch iwwert d’Klimakonferenz geschwat, déi jo um Bourget bei Paräis ass. Hamburg huet also "Nee" gesot zu den Olympesche Spiller. Et huet een also net nëmmen iwwert d’Paräiser geschwat, mä och e bëssen iwwert d’Hambourget.
EU an Türkei: D’Demarche lafe nees, fir d’Tierkei laangfristeg vläicht als Member vun der Europäescher Unioun unzehuelen. D’Tierkei ass awer esou grouss, datt Verschiddener fäerten, d’EU géif an dat grousst Land integréiert ginn an et géif een a wäiter Zukunft net vun Tierk-EI mä vun Tierk-EU schwätzen.
De nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...