
Ëmweltbelaaschtung: Wéinst de Problemer mam Ozon däerf ee phaseweis net mat iwwer 90 iwwer d'Autobunn fueren. E ganz grousse belsche Reesbus hat deemno e puer Passagéier gebieden, op der Raststätte eraus ze klammen.
Lauschtert d'Flunkernews vum Serge Olmo
Bierger: En Donneschdeg ass den éischte Lëtzebuerger Bierger, de Laurent Mosar, aus dem Suedel gaangen, wéi hien d'Regierung kritiséiert huet. Den éischte Lëtzebueger an de Bierger, den Andy, geet haut och nees aus dem Suedel.
Schoul- a Vakanz-Reform: Dëst Joer ass di éischt grouss Vakanz nom neie Schoulgesetz. Et gëtt dovu geschwat, fir och di grouss Vakanz, di ronn 8 Wochen dauert, a 4 Zyklen vun zwou Wochen opzedeelen.
Ongerechtegkeet: Zanter dem 13. Juli ass an Däitschland d'U20-WM am Damme-Football. Di Däitsch Spillerinne reege sech op, datt ëmmer vu Mann-schaft geschwat gëtt.
TDF: Alles schwätzt fir den Andy! D'lescht Joer bei der "quatre-vingt-seizième" Editioun vum Tour de France huet et jo net geklappt fir den Andy. Bei dëser, an zwar der, "quatre v-Andy-septième" Editioun vum Tour muss et bal klappen.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...