
Regionalwahlen a COP21 am Mëttelpunkt: Wa bei der COP21 d’Äerderhëtzung, beim 2. Grad méi géif gestoppt ginn, dann wier dat e Succès fir de Planéit. Wa bei de Regionales am Frankräich dem Jean-Marie Le Pen seng Nokommen vum 1. an och 2. Grad méi Stëmme kréien a net gestoppt ginn, dann ass et eng Defaite fir d’Mënschheet.
Frankräich a Gefor virum 2. Tour vun de Regionales : Wann een 2 ze vill gekachte Penne, eng blo Nuddel an eng rout op engem wäissen Hannergonn e bëssen versat niewenteneen leet, da kritt een de Logo vum FN. Et ass net fir näischt datt et de Logo vun der «Le Penne Partei» ass.
Den Donald Trump ass elo komplett duerch geknallt : De Republikaner Kandidat huet jo elo gesot datt d’Moslem, déi jo keen Schwéngefleesch iessen, net méi an Amerika dierfe kommen. Elo ginn op de Grenzen d’«sans Passeport» net era gelooss a fir den Trump och geschwënn d’«sans porc».
De G9 ass ni gebuer : De Premier Bettel wollt di Struktur fir déi kleng Länner an d’Liewe ruffen. Déi Initiativ ass jo awer avortéiert an dat ouni Interventioun vun engen «G 9 cologue».
Ganz vill Fräiloossungen ëm Chrëschtdag : D’Traditoun vun den Adventskalenner gëtt och am Prisong praktizéiert. All Dag gëtt och do eng aner Dier opgemaach.
De nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn, vläicht stëmmt dat wéinstens...