
D’Maggy Nagel huet demissionéiert: Et ass ganz vill iwwert d’ex Kultur Ministesch geschwat ginn. Och am Ausland huet dat Welle geschloen a muench Artisten hu sech e bëssen opgereegt. Den Johnny Halliday huet esouguer e Lidd geschriwwen an zwar “Quoi Nagel, qu’est-ce qu’elle a Nagel?”
Wahlen a Saudi Arabien: Et ass schonn e rise Fortschrëtt datt an dem Land fir d’éischt d’Frae konnten wielen en plus sinn 9 Fraen gewielt ginn wat staark ass. D’Fraen sinn awer dohannen esou verschleiert datt si emol net hu missten an d’Wahlkabinn goen fir ze wielen. Hire Schleier ass d’Wahlkabinn.
Wiessel am Kulturministère: Et ass net evident ee Politiker ze fannen dee mat Kultur eppes um Hutt huet. Deene Bloen ass et awer gelongen. Et muss ee scho bal Kultur a Konscht gäeren hunn wann een Guy ART-endt heescht.
Flüchtlingen wunnen am ale Monopol: soss haten d’Klienten wéi si zu Gasperech aus dem Geschäft eraus goungen eng Tut gefrot; elo froen si beim Eraplënneren de Sta-Tut.
Op den Aarm huelen: Dat maachen d’Humoristen quasi permanent mat der Le Pen Famill, wou dacks Niveau Poppentheater ass. Virun allem d’Guignols de l’Info maachen dat op Canal+ mat Hëllef vu Marionnetten virun allem mam Jean-Marie-onnette Le Pen. Beim originalen Guignol, am franséischen Nationalen Kannertheater, war dacks de Gnafron am Mëttelpunkt; elo ass et eben de Gnafron…National.
De nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...