
Klassefriessen-Zäiten: De Bilan ass global positiv. Bei enger Secondaire-Klass vun Esch mat ville Schüler, déi duerchgefall sinn, gouf et awer op der Klassefriess eppes mat Salmonellen z’iessen. Och do war groussen Duerchfall ugesot.
Andy National: D’Cyclisten huelen dacks eng Zeitung fir ënner den Trikot, éier si no engem Col biergof fueren. Den Andy, dee vill op sech eleng gestallt war, hat d'Gewunnecht, d’Zeitung "l’équipe" ze huelen. Esou hat hie wéinstens de Moment d’Equipe bei sech.
Nationale Sport: D’Lëtzebuerger si nëmme Weltklass an de Sportaarten, wou een sech raséiert, eisen Trio am Vëlo, de Stacchiotti am Schwammen eis Triathleten ... Komesch, datt déi Athleten, wou d’Been ganz glat sinn, vum Comité Olym-pique ënnerstëtzt ginn.
Albert II.: E Mëttwoch war Nationalfeierdag an der Belsch; d’Leit haten an deem Land gepaust an hunn un den Albert den 2. geduecht. Am Tour de France gouf och gepaust a mer hu gehofft, datt den Albert den 2. gëtt.
TDF: Den Neil Armstrong war jo den Éischten, dee säi Fouss um Mound opgesat huet. Am Tour war de Lance Armstrong mat all senge Chuten deen, deen de Fouss am meeschten op der Äerd hat.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...
... am August ass elo Paus, mee am September geet et weider. Bis dann!