Deen e bësselchen anere Réckbléck op d'Joer ... Liesen oder lauschteren a matlaachen - mam Serge Olmo.

Solidaritéit zu Lëtzebuerg: Verschidde Gemengen an och Käerjeng hunn annoncéiert, Flüchtlingen aus Syrien opzehuelen. Allerdéngs wäerten dës e wéineg erféieren wa si héieren, datt si grad op Bachar-rage sollen ënnerkommen.

AUDIO: AUDIO: Best-of Flunkernews 2015 (1/2) vum Serge Olmo

Manif vun de Baueren um Kierchbierg: Et goufe grouss Problemer am Trafic an d’Manifestanten hunn um ganze Kierchbierg mat réien Eeër geschoss dat och bei eisem Centre National Sportif et Culturel. Do waren et Œufs à la Coque.

Kongress vun der DP: D’Demokraten hate sech am Tramsschapp um Lampertsbierg gesinn, fir eng nei Féierung ze wielen. Esouguer an den USA gouf dat wouer geholl. Am Fong ass et awer onlogesch, datt d’Demokraten hire Kongress hei haten; et hätt een éischter d’Republikaner am TRUMPsschapp gesinn.

Schluss vum Kale Krich: D’USA soten, si géifen elo Kuba vun der Lëscht vun den terroristesche Länner huelen. D’Kubaner huelen d’USA awer net vun der Lëscht vun de Länner erof, wou d’Polizisten ze vill dacks de schwaarze Leit an de Réck schéissen.

Enn vun Ee-Kand-Politik a China: An der Volleksrepublik, do wou d’Pollutioun enorm ass, wëllen si domatter ophalen. Et ass vläicht e gudde Moment an der Volks-wagen Republik Däitschland, wéinst der Pollutioun, eng Een-Auto-Politik anzeféieren…

Atomzentralen an der Belsch mat Fissuren: Et sinn nawell grouss Fissuren an den Atomzentralen net wäit vun eis ewech. D’Lëtzebuerger fäerte mat Recht, datt di Atomzentralen net ganz dicht kinnte sinn. Deementspriechend waren 2 Ministerinnen op d’Plaz; ënner anerem d’Carole Dicht-bourg.

Thanksgiving an den USA: No den Attentater vu Paräis gouf bei dësem traditionelle Fest immens genee kontrolléiert, well an den Dinden, déi hin an hir transportéiert goufen, ee jo kinnt Sprengstoff verstoppen. Muenchereen huet misste seng Carte d’iDinde-tité weisen.

VW Skandal: Di gréisste Film Studioe fir Comics aus den USA solle schonn a nächster Zäit e Film dréien iwwert d'Volkswagenaffär an d’Pollutioun déi geféierlech ass fir d’Natur a besonnesch fir d’”Bëscher”. Mer schwätzen natierlech vun de “Wald Dieselney” Studioen.

Och an den States legal: Den Homomariage ass also zanter kuerzem do autoriséiert. Déi déi staark dogéint waren sinn am Fong dacks déi selwecht, déi sech fir d’Waffen asetzen. Dës konservativ Leit si net fir di Homosexuel obwuel si frou sinn mat Gay-wierer. 

Fraequote: Bei eis ass jo an der Politik d’Fraequote bei de Wahllëschten decidéiert ginn. Am amerikaneschen Staat Georgia ass, ëm di selwecht Zäit wou dëst decidéiert gouf, eng Fra exekutéiert ginn. An Amerika gëtt geschwat fir eng Fraequote bei der Doudesstrof anzeféieren.

Davis Cup Match géint Lëtzebuerg : D’Spiller vu Madagascar Jacob Rasolondrazana, Antso Rakotondramanga an Tony Rajaobelina haten esou laang Nimm, datt och wann de Match an 3 Sätz fäerdeg war, een awer 5 Sätz gebraucht huet.

De Mulles zu Roland Garros: Virun allem an Däitschland gëtt sech dacks d’Fro gestallt, firwat eise Champion e Band ronderëm seng Stir huet. D’Äntwert ass; eise Mulles huet de 9. Mee Gebuertsdag, ass deemno Stéier am Horoscope, an dofir huet hien e Stier-band un.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...