Deen e bësselchen anere Réckbléck vum Joer ...

Gratwanderung: De Viktor Orban ass jo bekanntlech dee Strengsten am Kontext Flüchtlingspolitik. Et war een iwwerrascht, datt hien annoncéiert huet, datt hien awer elo Flüchtlinge géif ophuelen an zwar all di Moikanesch an dat bis dee Leschte vun hinnen.

Chapeau fir d’Solidaritéit!!! Vill Famillen am Land an am Ausland huele Flüchtlingskanner op an dat ass immens luewenswäert. Soss kruten d’Famillen Zwill-ingen, Drill-ingen … Dës engagéiert Famille kréien dann elo Flücht-lingen. 

EU-Presidence: Eise Premier hat heiwéinst ganz vill Visitten ënner anerem elo kuerz beim britesche Premier. De Lëtzebuerger Regierungschef hat no den Attentater vu Paräis ganz vill iwwer "Police" diskutéiert. Dofir goufen di Diskussiounen an England "Message in e Bettel" genannt.

Chrëschtmaart: Bewaffnet Leit haten diskret opgepasst. Et war jo och net fir näischt op der "Place d’Armes". Wann hei keng Waffe verkaf duerfe, ginn dann awer Wäffelcher.

Problemer mat Fläschen: D’Classicfläsche vu Rosport goufe jo laang vum Maart geholl. A verschiddene Kantinne krut ee scho laang "sans porc". Nodeems wat elo mat deene Fläsche passéiert war, goufen et och elo Kantinnen mat "sans Rosporc".

Nees en Amokleefer: An den USA ass et eng ganz traureg Gewunnecht, datt Leit vun engem Amokleefer ëmbruecht ginn. Natierlech huet datt domatter ze dinn, datt d’Waffe fräi verkaf ginn. De President Obama hofft, datt dat net méi virkënnt an datt de Killer aus dem Oregon de leschten vun Amok-hoikaner war …

Et goung ëm eis Zukunft bei der COP21: Firwat gouf ëmmer vun CO2 Ausstouss an vun 2°C geschwat? Vläicht well et zesummen passt, well wann een CO2 vun hanne no fir liest dat gëtt dat och 2°C.

Selfiemania ka geféierlech sinn: Eng Koppel ass wéinst de Selfien bal auseneegaangen. D’Fra hat sech permanent fotographéiert. Dacks war e Plakkapp mat op de Fotoen meeschtens an engem Eck. De jalouse Mann wollt seng Fra dofir ukloen bis eraus koum, datt et der Fra hire Fanger op de Fotoe war.

Fëmmen ass jo kriibserreegend: Virun e puer Wochen koum iwwerraschend d’Noriicht, datt ze vill Charcuterie och kriibserreegend kinnt sinn. Vläicht ass de "Jambon fumé” geféierlech fir Longekriibs ze kréien ?

Skandal am Kontext Luxleaks Enn September: Op där Säit, déi gefeelt hat am ominéise Rapport un d’EU, war et haaptsächlech iwwer Rulinge gaangen. De Pierre Moscovici, Kommissär vun den economeschen Affairen, hat Lëtzebuerg permanent ënner Drock gesat wéinst dëse Rulingen. Säi Virnumm heescht jo Steen op englesch; muenchereen nennt hien Ruling Stone.

US Open: Wéi d’Vinci an d‘Pennetta d’Finale vun de US Open gespillt hunn, gouf vu Verschiddene vu Spaghettis-Finale geschwat. Kee Wonner, et war jo zu Nouilles York.

Iwwerraschung beim Dammen Open: D’Japanerin Misaki “Doi” hat jo op der Kockelscheier den Eenzel gewonnen an am Dubbel war et d’Koppel Siegemund/Barthel aus “Doi”tschland.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...