
3-Kinneksdag: Ganz vill Leit hunn de 6. Januar, wéi si gutt opgepasst hunn an d’Boun am Kuch fonnt hunn, eng Kroun krut. Anerer hu manner gutt opgepasst an hunn an déi plastik- oder porzeläin Boun gebass. D‘Resultat war ähnlech; si kruten eng Kroun mä awer eng nei Zännkroun.
Prost Neit Joer: Eisen Sportler vum Joer hat op engem Tennistournoi zu Chennai an Indien direkt den éischte Match gewonnen. De Gilles Muller hat sech dat zu Häerz geholl wéi d’Leit him soten: „Chennai-t Joer“.
Gefor duerch Drohnen: D‘Drohne gesinn e bëssen esou aus wéi Hirschgeweiher déi sech iwwerlappen. Esou eng Drohn hat jo bal d’Nummer eent vun de Schifuerer schro blesséiert. Dat wier jo de Combel gewiescht grad den Marcel Hirscher ze geroden…
Niveau an de Schoulen: Et gëtt ëmmer méi dacks gesot datt dësen erof geet. Anscheinend si mer an e puer Schoulen am Fondamental op deem Punkt ukomm datt een am éischte Joer zwar « Däitsch » léiert ; mä net onbedéngt di Sprooch mä et léiert een an dem Joer just dat Wuert « Däitsch » schreiwen.
Alkoholtest: Fir Sylvester hunn sech vill Leit selwer kontrolléiert. Et gëtt elo en neie Systeme an zwar en Ethlyotest dee sech un de Smartphone konnektéiert via Bluetooth. Domatter kann ee ganz sécher gesinn wéivill Alkohol een am Blut-tooth huet.
De nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...