Provokatioun: D’Regierung huet dës Woch grad missten zu Munneref hier Klausur organiséieren do wou d’Maggy Nagel 17 Joer laang Buergermeeschtesch war…

Zevill Wichtegkeet: Et gëtt een den IS Djihadistisen zevill Wichtegkeet. Et ginn der déi soen et wieren si déi den Lemmy an de Bowie ëmbruecht hätten; anerer soen esouguer si hätten a Nordkorea virum Explodéieren vun der H-Bomm héieren datt Allah Akbar geruff gouf.

Rallyen: e Rally ass am engleschen esouwuel eng Autoscours wéi e politeschen Meeting. An den USA waren di geféierlechst Rallyen déi vum Trump well do heiansdo Leit agresséiert goufen. De Rally Dakar ass awer nach méi geféierlech. Den Republikaner hätt um Dakar sollen e Meeting haalen; dat wier den Donald Duck-ar Rally gewiëscht.

Skandal zu Köln: Dat wat do op Sylvester geschitt ass ass wierklech ganz grave an et versteet een datt d’Leit entsat sinn. D’Kanzlerin huet gesot si géif sech der Kölner Populatioun ganz no fillen. Di lescht Deeg gëtt si vu muenchen Angela Mer-Köln genannt.

Neie Kapitän: D’Anne Kremer war zwar eng gutt Tennisspillerin, war awer am Fong ni Tête de Série op engem groussen Tournoi. Obwuel si keng Tête de Série war, ass si elo Kapitän vun der Fed-Kapp Equipe.

AUDIO: Flunkernews 02/17 vum Serge Olmo.

De nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...