
Waffen an den USA: Anscheinend si sech d’Demokraten an d’Republikaner eenz. Esouguer de President Obama kann mat der neier Iddi liewen. D’Waffen sollen an Amerika an Zukunft am fräien Handel bleiwen allerdéngs soll verbuede ginn Munitioune fräi ze kafen.
Radikaliséieren: Fanatesch Islamisten ginn elo, fir manner séier detektéiert ze ginn, op aner Plazen wéi a Syrien fir sech radikaliséieren ze loossen. Elo am Wanter gi si zum Beispill a Wantersport Statiounen fir den D-Schihad ze maachen.
Sport am Wanter: Zanter e puer Deeg sinn d’Loipen zu Wäisswampech op. Verschiddener hu keng Schier a fueren respektiv trëppelen do mat
Schiraquetten. Dat passt grad elo während den Austrialian L’Oipen.
Flüchtlingsskandal a Dänemark: An dem Land gi vläicht an Zukunft d‘Refugiéen wann se opgeholl ginn duerchsicht a si kënnen hir Wäertsaachen konfiskéiert kréien. Dohanne wieren an dem Fall di aarm Leit richteg refouillgiéen.
Keng Sanktioune méi fir den Iran: Dat Land dierf elo nees exportéieren. Endlech kann een sech elo elo nees iranesch Autoen kafen oder iranesch Smartphones oder Laptopen. Donieft kann een awer zum Beispill och nees iranesch Bands op Festivalen alueden…
De nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens