Skandal zu Hollywood: Grouss Iwwerraschung a Roserei well kee schwaarzen Akteur bei den Oscarnominatiounen ze fannen ass. 2015 gouf et jo de Comeback vum Terminator. Wa scho kee schwaarzen Schauspiller zeréckbehale gouf, dann hätt een op d'mannst kënnen de Schwarzenegger selektionéieren.

AUDIO: Flunkernews 04/16 vum Serge Olmo

School-Leaks 2: Et ass jo elo kuerz bekannt ginn, datt d’Enseignantë vum 1. School-Leaks serieux Strofe kruten. Op ville Plazen am Land sollen elo verschidden Enseignanten d’Kanner net esou gutt op Tester preparéieren, dëst aus Angscht si kréichen ze vill gutt Resultater an et géif een nees Dysfunktionnementer an d’A faassen ...

Köln: No de schroen Iwwergrëff op Frae soll fir d’Fuesent e Sécherheetskonzept organiséiert ginn. Et ware Silvester och Männer dobäi, déi de Statut net haten an aus Däitschland ausgewise ginn. Hoffentlech schécken si se net an Brasilien, well wann déi Männer sech schonn net beim Kölner Karneval kënne packen, wat gëtt dat da beim Karneval vu Rio.

Autofestival och a Griicheland: Wéinst der Kris bei de Banke kënne sech awer ganz wéineg Leit nei Autoe leeschten. Den Taux ass dohannen ongeféier wéi bei eis an zwar tëscht 1,5% an 2%. Den Ënnerscheed ass, datt d’Banken a Griicheland nëmmen 1,5% bis 2% vun der ganzer Zomm léinen. 

Vill intressant Invitéë bei den Australian Open: Bei den Dammematcher gesäit ee vill méi dacks d’Spillerboxe wéi bei den Härepartien. Dat ass kee Wonner, well d’Spillerinnen eng Jupe unhunn a wa si sech bécken oder rutschen, da gesäit een eben d’Spillerbox ...

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...