AUDIO: Flunkernews 05/16 vum Serge Olmo.

Angelique Kerber: No hirer Victoire bei den Australian Open ass di däitsch Spillerin, no enger Wett, an de knaschtegen „Yarra River“ gesprongen. Anscheinend ass de Floss deelweis voller Bulli. Et war also di richteg Plaz fir d’Victoire bei engem Grand Schlamm Tournoi ze feieren.

Mechaneschen Dopping: Zu Zolder op der Cyclocross WM ass jo eng Athletin erwëscht ginn mat engem verstopptene Motor am Vëlo. Di belsch Cyclistin huet sech verroden well net dru geduecht gi war dat vill Bulli um Parcours wier an een heiansdo misst vum Vëlo klammen. Beim Lafen duerch de Bulli  hunn d’Pedallen nämlech vun eleng gedréint.

Wantersport an Kriminalitéit: Am Wantersport gëtt ëmmer méi geklaut. Di lescht Joeren goufen vill Porte-Monnien oder Handy geklaut. Dëst Joer, a mat deene mëllen Temperaturen, ass et anescht. Dat wat an de Schistatiounen de Moment am Wäertvollsten ass an am Meeschte geklaut gëtt ass de Schnéi aus de Stroossen a vun de Pisten…

Interview opgeholl: Et gouf en Interview matgeschnidden tëscht enger Journalistin aus dem Land an dem Minister Schneider ouni datt d’Journalistin informéiert war. D’Madame hätt sech kënnen denken datt dat hei de Fall wier. De Minister heescht net fir näischt Schneider.

Fälschungen: De Bilan vun 2015 ass gezu ginn. Et ginn ëmmer méi Marquen kopéiert virun allem ass de Problem grouss bei de Kleeder an besonnech bei den Hiemer. Et gouf awer di ideal Léisung fir di falsch Hiemer fonnt. Et ginn dorausser Fallschiermer gebitzt.

De nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...