
Virwahlen an de States: Am Iowa ass et ganz schlecht fir den Donald Trump gelaf. Zu „Olin“, eng kleng Uertschaft vum Iowa war d’Resultat besonnesch schlecht. Am New Hampshire dogéint waren d’Resultater ganz gutt. Et ass komesch; d’Resultater variéieren enorm vu Staat zu Staat, si sprangen erop dann nees erof wéi op engem Trump„Olin“.
Wäerteunterrecht: De Minister Meisch huet gesot datt scho vun der nächster Rentrée un de Wäerteunterrecht soll e Koeffizient am Lycée kréien. Et ass esouguer méiglech datt de Wäerteunterrecht geschwënn di 8. Sektioun gëtt.
Nationalitéitsverloscht: D’Djihadisten vun der IS an allgemeng d’Terroristen déi veruerteelt ginn, kréien vun elo un di franséisch Nationalitéit ofgeholl. Den Artikel den am Parlement votéiert gouf ass den Artikel vun der „Daechécance de Nationalité“…
Zeeche vun der Zäit: Et gesäit een ëmmer méi bei deene Jonken déi op den Aarbechtsmaart kommen datt an deenen hirem CV d’Foto op der Bewerbung en Selfie ass.
Nei Sportaart fir Präzisioun a Konzentratioun: De Biathlon an de Billard si ganz populär a ginn vill op de Sportsender gewisen. Et kinnt een sech virstellen Billardspiller Schi fueren ze loossen mat enger Queue um Réck. Si géifen op e puer Plazen stoen bleiwen an d’Bullen an d’Lächer versenken. Et wier dat Billard-athlon.
De nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...