Lëtzebuerg gëtt ëmmer méi bekannt : De Gala Tour de France an de Lëtzebuerger Vëlosport ginn ëmmer méi grouss. Wann dat esou weider geet, dann ass den Tour de France geschwënn de virgezunnene Kriterium vum Gala.

Vakanz a Gesondheet: Et gëtt allgemeng gesot, datt een an der Vakanz sech all zwou Stonne mat enger Couche Sonnecrème acrèmen sollt, fir kee Sonnebrand ze kréien. Dat ass awer net praktesch, besonnesch an der
Nuecht.

Vakanzesouvenir: Mëttlerweil gëtt op der Plage net méi gestaunt, wann eng Fra nëmmen en hallwen Bikini unhuet - ausser si huet just den ieweschten Deel un.

Sport: Nom schwache Match vu Lëtzebuerg géint Bosnien gouf e Bosnier ugegraff. Et ass kloer, datt et nom Match war, well während dem Match goufen d'Bosnier op jidde Fall, vun eise Spiller, net ugegraff.

Sport an Technik: Am Schwamme si jo d'Kombinaisonen aus Polyuréthane verbueden, trotzdem sinn d'Zäite bal esou séier wéi virdrun. Et si Leit, di behaapten, datt elo Polyuréthane am Waasser ass.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...