Brisant EM-Qualifikatioun nom Sarkozy/Reding-Sträit: Am Grupp D spillt nieft Lëtzebuerg a Frankräich, och nach mat Rumänien d'Land vun de Roma. Vläicht geheien am Football d'Rumänen d’Fransousen eraus ...

Weider Protester a Frankräich: No de Roma attackéieren och elo di Schwaarz di franséisch Regierung. Si wëllen net méi, datt d'Pissoiren "Uri-noir" genannt ginn.

Geschwënn de Come-back: No China kënnt d'Gëlle Fra zeréck op Lëtzebuerg an dat Ganzt behält och am Numm e gewëssene chineseschen Touch. No Shang-hai kënnt se elo op Käer-jeng.

Trafic-Info: De Poopst Benoît XVI. ass jo op Visit a Groussbritanien. Hien hat en Accident mat sengerm Papamobile. Et ass definitiv net einfach fir hien, fir sech op lénks anzestellen.

Sport/Andy National: Am Tour de France huet den Andy d’Bierger mat héije Prozent gemeeschtert. An der Vuelta gouf am Kontext vum Andy net vill iwwer Prozent geschwat, mä éischter iwwer Promille.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...