
Rentrée: Bei der Schoulrentrée mussen d'Bicher an d'Hefter prett gemaach ginn fir an d'Schoul. Obwuel de Verband éischter bausse gepecht gëtt, gëtt awer vun "Bicher bannen" geschwat.
Roma-Problematik: An der Ëmgéigend vu Paräis soll elo e risen Areal ageriicht ginn fir d'Romaen. Dat gëtt bestëmmt eng Attraktioun fir d'Touristen. Et soll och "Euromsdisney" heeschen.
Sport a Religioun: Eis Footballspiller hunn e gemeinsame Punkt mam Benedikt de XVI. Alle béid hate se elo eng englesch Woch.
Nationale Streik: Et ass am Fong normal, datt a Frankräich géint d'Rente-reform en Nation-alen Streikdag organiséiert gëtt.
Biographie: Et goufen elo kuerz 2 Bicher iwwert d'Carla Bruni-Sarkozy geschriwwen. De franséische President kann dat net verstoen. Hien ass nawell dacks iwwert hir, krut awer ni eppes op d'Blat.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...