Doping am Vëlosport: Den Alberto Contador seet, datt hie positiv getest gouf, well hien am Tour de France contaminéiert Fleesch mat gieler Mayonnaise giess hätt. D'Zeie kënnen dat bestätegen; et war "Mayo jaune".

Chile: 33 Mineure sinn am Chile no engem Accident an hirer Minn agespaart. Et gëtt vill ronderëm d’Minn geschafft, fir se fräi ze kréien. Et si vill Kranen do, fir ze bueren. Do ass et tatsächlech "Chile con Krane".

Football: Am Fong brauchen d’Arbitter, Sonndeg fir Sonndeg, mat all deenen Attacke vun den Trainer eigentlech kee Linienriichter, mä éischter e Linien-affekot.

Gesondheet a Sport: Kuerz virum Dammen-Tennistournoi op der Kockelscheier ass d’Info gefall, datt d’Tennis- an d’Volleyballspillerinnen déi sinn, wou een am meeschten d’Zellulytis gesäit. Kann dat sinn, well ee si ëmmer duerch e Netz kuckt?

Trafic: En Autofuerer krut d’Schold bei engem Accident, well hien iwwersinn hat, datt e Riets-Virfahrtsschëld mat 2 schwarze Stécker Scotch duerchgestrach war. Wéi soll een dat dann och gesinn ...

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...