Medezin: Et ass zanter ganz Kuerzem an den USA e Medikament géint de Kappwéi um Maart wou et komescherweis de Leit niewendrun besser geet
an net dem den Medikament hëlt. Et ass also e Medikament mat Niewewierkung.

Politesch Kris an der Belsch: Firwat fannen d'Leit dat komesch dat an der Belsch nach keng Regierung steet. T'ass eigentlech logesch. D'Wahl war geheim ; wéi sollen d'Politiker da wëssen ween gewielt gouf.

EM-Qualifikatioun: D'Stiermer vun der Lëtzerbuerger Nationaléquipe schéissen baal ni Goaler an offizielle Matcher. Si hunn virun de Partien géint Wäissrussland a Frankräich an engem Simulator trainéiert fir ze kucken wi dat ass wann een e Goal schéisst.

Skandal an der EM-Qualifikatioun bei eise franséischen Noperen: Et ass erauskomm dat de Jean-Marie Le Pen Ufank September an der Parti géint Frankräich zu de Wäissrussen soll gehalen hunn well net vill wäiss Fransousen an der Equipe Tricolore waren.

Muench Tennisspillerinnen jäizen vill: Dowéinst ass an der Publicitéit den Trend opkomm verschidde Spillerinnen de Numm vun de Sponsoren ruffen ze loossen bei all Ball de geschloen gëtt. Emol kucken ob dat vum 16. Oktober un um Tournoi op der Kockelscheier wärt agefouert ginn.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...