
D'Chinesen hunn hir Revanche: E chinesesche Restaurant, dee spezialiséiert ass op europäesch Kichen, krut zu Oslo de Frittens-Nobel Präis.
Lauschtert d'Flunkernews vum Serge Olmo
Gesonndheetsreform zu Lëtzebuerg: Besser Aarbechtskonditioune fir d'Dokteren duerch e revolutionären Telefon. Et gëtt elo eng App, datt wann een urifft, dee Féiwer huet, den Telefon waarm gëtt; dat just um "iPhone Féiwer".
Superstaren: D’KatyPerry an d’ChristinaAguilera sinn ënner anerem bekannt wéinst hirem schéine groussen Décolté. Si hunn allebéid en neien CD eraus bruecht. An hirem Fall ass et kee "Best Of" mee e "GreatestTits".
Football-Lännermatch: En Dënschdeg war zu Metz de Match vum Land mat der Rentereform géint d’Land mat der Gesondheetsreform. Vill Leit soen, di zwou Reforme wieren Null. Kee Wonner, datt d’Resultat 2-0 war.
Motosport: Di gréisste Stad vun der Côte d’Azur wollt fir d’nächst Saison e Grand-Prix an der wichtegster Kategorie am Motosport organiséieren. Et ginn awer Problemer fir en Numm ze fannen. Bis elo ass et "Grand-Prix Moto GP Nice".
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...