
Gewerkschaftlech Aktioune bei den Dokteren: Et weess een net, wat wéini geplangt ass, an d'Leit panikéieren e wéineg. D'Dokteren deelen hir Aktiounen net mat a verstoppe sech hannert de Secret Médical.
Aktioune vun de Dokteren: Mam d'Dokterstreik gi manner Kuren zu Mondorf accordéiert. Et lafe vill Kuren den 31. Oktober of. Et ass also Kur bis Halloween.
Rentereforme a Frankräich: Fir d'Fransouse vu senger Reforme z'iwwerzeegen, wëll de President Sarkozy a verschiddene Länner, wou bis an den héijen Alter geschafft gëtt, op Staatsvisit goen. Hie fänkt emol un mam Vatikan.
Rendez-Vous fir d'Wanterpneuen: Et kritt een kee séiere Rendez-Vous an de Garagen, fir d'Wanterpneuen op ze leeën. Ech hunn elo ugeruff, fir e Rendez-Vous ze froen, fir d'Hierschtpneuen opgeluecht ze kréien; do ass nach alles fräi.
Et ass net all Lëtzebuerger en Tennisexpert: Munchereen huet sech gefrot, firwat op der Kockelscheier beim Dammentournoi d'Jil Müller net
matgemaach huet.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...