Den Éischten ass vir: Wéi mam Suessemer Terrain huet di Käerjenger Gemeng dem James Bond säin alen Auto aus dem Film "Goldfinger" scho virun der Stee organiséiert. Dat awer mat engem gudde Gronn. D'Gëlle Fra kënnt jo och op Käerjeng.

Geplatzte Fusioun: Nom Nee fir d'Fusioun tëscht Käerch a Simmer ass dat Ganzt elo op Äis geluecht. De Remis war e Schreck fir d'Politiker; komesch, datt wann ee "Käerch a Simmer" vun hannen no vir liest, da kënnt Remis a Schreck eraus.

Rentereforme a Frankräich: De Jean-Marie Le Pen hält sech bedeckt am Dossier vun der Rentereform. Hien ass 82 Joer al; vun him gëtt jo scho laang vun Le Pen-sioun geschwat.

De Pronostickekinnek vun der WM ass dout: Am Sea-Life ass den Tëntefësch Paul gestuerwen. Beim printe vum Paul senge Pronosticken ass et ganz lues gaangen. De Pronosticken-Tëntefësch gëtt elo vun engem Laserfësch ersat.

De Rapport iwwer den Arbitrage gouf publizéiert: An deem Rapport steet dran, datt d'Arbitter-Assistenten dacks Iwwergewiicht hunn an ze lues sinn. Et ass deemno eraus komm, datt si net genuch op hir Linn oppassen.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...