Google Street View hei zu Lëtzebuerg: D’Autoe vu Google Street View ginn no hirer Carrière gutt als Occasionsautoe verkaf, well si tiptop ënnerhale ginn: Et gesäit een nämlech net nëmmen, wéivill Kilometer si gefuer sinn, mä och wou si gefuer sinn.

Fraenheld: De Silvio Berlusconi bretzt sech, well hien d’Frae gäre gesäit, an ass houfreg, kee Schwulen ze sinn. Mag sinn; zanter 1986, wou hien den AC Milan opkaf huet, ass hien zwar awer dacks an de Spillerkabinnen, wann di plakesch Männer duschen.

Demokraten vs Republikaner:
Zu New York hunn d’Demokrate bei de Wahlen am beschten ofgeschnidden. D’Awunner rondrëm d’Kratere vum "Ground Zero" sinn einfach di treist Demokrateren.

Oprou a Griichenland wéinst de Bréifbommen: D'Polizisten an d'Leit vun der Post sinn iwwer di Bréiwer gebrieft - a ganz Griicheland, virun allem awer zu Athène-tat.
 
Arbitterproblematik am Football: De Charles Schaack, President vun der Arbitterkommissioun, ass an der Aktualitéit wéi och den Trainer Roland Schaack. Wou bleift di Zäit, wou de Football nach Amusement war mat “Waka Waka“ an dem Schaack-ira?

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...