Ass dat Zoufall? D'Distanze bei de Strofe sinn am Sport proportional zu der Zuel vun de Spiller um Terrain: Am Football gëtt di héchste Strof aus 11 Meter geschoss; am Handball ass et aus 7 Meter. Beim Basket ginn d'Fauten aus ronn 5 Meter geschoss.

Finanzskandal an der Kierch: Nom ganz gravë Skandal vun der Pedophilie gëtt et elo e Finanzskandal. Anscheinend sollen héich Vertrieder vun der Kierch ganz vill Suen ausginn fir ästhetesch Akten a besonnesch fir Visite beim Pédicure; haaptsächlech zielt dat fir d'Kardi-neel.

Benoît XVI.: An enger franséischer Zeitung stoung no der Visit vum Poopst a Spuenien, datt et ganz logesch ass, datt di lescht Etapp déi fussballverréckt Stad Barcelona war. Wuertwiertlech stoung do: «C'est normal que le Pape soit venu pour voir Messi.»

Dokterstreik: A Prozent ausgedréckt ass den Asaz bei den Dokteren 100 an dat bis 12; ab Mëtteg muss een awer den 112 uruffen.

Georges W. Bush: Den amerikaneschen Ex-President huet seng Mémoiren elo just erausbruecht. Hien huet net verstanen, datt Enn Abrëll di bescht Zäit ass, fir seng Memoiren an Evidenz ze setzen, well den 30. Abrëll ass Mee muar.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...