Sprangprëssessioun: Felicitatiounen un di Iechternacher; d’Sprangprëssessioun ass elo am Patri-moine de l’Humanité dran. Dat ass eigentlech logesch, well d’Abtei jo vun engem Moine gegrënnt gouf.

Harry Potter: Et gëtt Zäit, datt de leschten Harry Potter elo an d’Kinoe kënnt, well d’Akteure si keng Kanner méi. Den Daniel Radcliffe huet scho bestëmmt e Baart. Et soll jo och net den Hairy Potter sinn.

D’Rentereforme a Frankräich ass gestëmmt an d’Regierung ass nei: Et gëtt elo a Frankräich minimal bis 62 Joer geschafft. Deemno ass et net logesch, datt den Eric Woerth, dee fir di Reform zoustännege Minister, mat nëmme 54 Joer an d’Pensioun geschéckt gouf.

Spuerplang: E Propriétaire vu "Maison Closen" kuckt sech ëm, fir nach séier e Gebai ze kafen am Stater Garer Quartier. Besonnesch a sengem Business kann ee gutt bis den 31. Dezember vum bëllegen Akt profitéieren.

Sport; Revanche vun de Stéieren: Meeschtens kréien d’Spuenier bei de Corridaen d’Stéiere kleng. Bei der Formule 1 hunn awer de Vettel an de Webber op hirer Red Bull e Spuenier kleng krut.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...