Accord mat den Dokteren: Et sinn der, déi soen, de Gesondheetsminister hätt e wéineg vu Freed gekrasch nom Accord mat den Dokteren. Domatter ass definitiv bewisen ... et ass Waasser um Mars.

Kannerbetreiung iwwer de ganzen Dag: No enger Etude ass festgestallt ginn, datt a ville Schoulen den Daaach net dicht ass an et era reent. Lëtzebuerg ass deemno nach net prett fir d'Ganzdagsschoul.

Zaldoten an Zentral-Asien: Munch Zaldote vun der Nato, déi laang a verschiddene Länner sinn, sinn immens geplot mat Entzündungen am Mond. An engem Land ass et besonnesch schro an zwar an Aphtesganistan.

Guide Michelin:
Et ginn elo 13 Stäre-Restauranten am Lëtzebuerger Guide Michelin. Wahrscheinlech ass et net vun ongeféier, datt dat Buch grad am November eraus kënnt, wann d'Pneue musse gewiesselt ginn.

Football:
Wolz 71 huet elo definitiv mam F91 Diddeleng gläichgezunn. 5 Goaler am Aller-Match a 15 am Retour. Elo sinn di Wëlzer och op 91.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...