Weltdag vun de Behënnerungen um kalen Freideg, 3. Dezember: Ech hunn den Dag awer och guer keen Trottoir gesinn, dee behënnertegerecht propper war. Op esou engem Dag gëtt de Leit wierklech méi Sand an d'A gestreet wéi op d’Trottoiren.

Juegd: No der Affaire mam Hirsch, deen erschoss gouf, gëtt ëmmer méi dacks vun de Jeeër gesot, si géifen einfach drop lass schéissen. Esouguer beim Wuert Jeeër gesäit et aus, wéi wann um 3. "e" zwee Impakter vu Kugele wieren.

De Kleeschen a säin Assistent: Wann de Kleeschen an den Houseker bei d’Kanner ginn, da kréien d’Kanner, déi net brav mam Internet ëmginn, vum Houseker e puer Rooter.

Schlecht Wiederkonditiounen: Dëse Weekend gëtt kee Football gespillt. Obwuel Terraine gefruer waren, goufen net d’Matcher vun der B-gel Ligue annuléiert, mä déi vun der Coupe.

FIFA-WM: Vill Footballfrënn sinn net frou, datt d’WM 2022 un de Katar goung. Wat do hannert de Coulissen soll gelaf sinn, huet net vill mat Sport ze dinn a passt méi bei Wikileaks wéi bei d'Championsleaks.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...