Gast-aarbechter: Et gëtt di lescht Zäit leider andauernd vun trauregen Noriichten a Relatioun mat Flüchtlingen oder Emigratioun geschwat. Dës Woch kruten mer als Lëtzebuerger eng positiv Noricht an dem Kontext an dat duerch d’Musik. Et sinn dës Woch fir e puer Deeg Lëtzebuerger op Los Angeles ausgewandert an dat waren glécklech Grammygranten…

Super Bob: Virum Jungels senger Victoire bei der éischter Etapp am Tour duerch den Oman haten d’Awunner dohanne Lëtzebuerg nëmme kannt wéinst dem “Traité vu Schengen” ; an zu Schengen hu si nëmmen den Oman kannt well hire Buergermeeschter Ben Homan heescht…

Mega Decouverte: Ëm de 14. Februar koum d’Noriicht eraus datt dem Einstein seng Gravitatiouns-Wellen nogewisen konnte ginn. D’Astrophysiker waren begeeschtert, an net nëmme si, an si louchen sech an den Äerm. Si hunn Wellentinsdag gefeiert.

Steierskandal: Elo ass et de Schwedeschen Miwwelproduzent Ikea deen am Mëttelpunkt vun enger Steieraffär ass. Ikea kann d’Steieren efficace ofsetzen well et goufe Millioune gespuert. Ech probéieren emol bei dëser Steiererklärung all meng Ikeasmiwwelen ofzesetzen…

De Poopst a Mexiko: Wéi zu Mekka, der helleger Stad vum Islam wou dacks Honnerten Dausenden Leit sinn, waren och a Mexiko enorm vill Leit beim Franziskus senger Visite. Dat Land war di Deeg di hellegst Plaz vun der chrëschtlecher Religioun. Et sinn der déi hunn vu La Mecque-xiko geschwat.

De nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...