Guantanamo: Den Amerikanesche President wëll onbedéngt während sengem Mandat dee Prisong op Kuba zoumaachen. Wann d’Prisonnéier da wéissten, datt e nach op ass…

Referendum iwwert de Brexit: D’EU Dirigente soe si hätten dem Cameron keng extra Wurscht gebroden a sech net beaflosse gelooss. Et dierf een awer seng Zweiwel hunn. Net datt mer geschwënn bei eis am Trafic op der lénker Säit fueren.

Kepha Affär: Méi wéi sécher wousst d’Ierfgroussherzogin näischt iwwert d’Magouillen vu Kepha Invest SA an SA heescht och net Son Altesse!

Neiwahlen: Den El Assad huet annoncéiert, datt et am Abrëll Wahle géife ginn a Syrien. Et ass zwar ganz traureg, mä wann et dohannen esou weider geet mam Krich, da riskéiert een, datt et fir déi Wahlen méi Kandidaten gëtt, wéi Wieler.

Belsch Kierch: Dës huet matgedeelt datt et ronn 400 Plaintë gouf am Kontext sexuelle Mëssbrauch. Geet et do ëm Paschtéier oder vläicht och ëm Nonnen; dat ass net genee gewosst. Et ass allerdéngs kloer, datt 90 Prozent vun de Victime mannerjäreg waren. Dat ass enorm Nonne-nante pourcent.

De nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...