
Aarbechtsvisite an Indien: De Vizepremier Schneider war di lescht Deeg mat enger grousser Delegatioun am Land vum Yoga ënnerwee, fir eventuell de Sëtz vu verschiddenen indeschen Entreprisen op Lëtzebuerg ze kréien. De Schneidersëtz ass jo d’Positioun vun de Yogi; dofir ass et normal, datt grad dëse Minister de Sëtz vun Entreprise bei eis ka kréien.
Steierreform um 29. Februar: Deen Dag gouf d’Steierreform presentéiert. Tonne Leit hunn sech di Deeg drop bei de Schaltere vun de Steierbureauen ëmfrot an dat op engem Schal-ter-Joer.
2 däitlech Favoritten: Et geet definitiv a Richtung Duell Hillary Clinton géint den Donald Trump. Iwwerall steet Trump versus Clinton. Enn der 90er Joeren stoung iwwerall Lewinski ver-suce Clinton.
Neie Fändel? Neiséiland kritt vläicht no engem Referendum en neie Fändel a net méi de Briteschen. Fir d’Britten gëtt et nieft dem Brexit vläicht och en All Blackxit.
Fusioun tëscht Rouspert a Mompech: No engem Referendum kommen di 2 vläicht zesummen. Wann d’Awunner wëllen, d’Wierfelen also gefall sinn, an d’Finanze gesond sinn, da geet et e bëssen wéi am Monopoly. Et komme Stroossen bäi, Haiser a well Giwenich aktuell zu der Gemeng Mompech gehéiert, kënnt, wéi am bekannte Gesellschaftsspill, och e Prisong dobäi.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...