Malentendu: Wéi de Schnéichaos koum, hu verschidde Leit och fir privat Zwecker di Staater Pompjeeë geruff. Déi Leit hate bis dohi gemengt, d'Beruffspompjeeë wieren nëmmen zoustänneg am Fall vun engem Aarbechtsaccident.

Iessen a de Schoul-Restauranten: Hei am Land goufen zejoert iwwer 4.000 Schüler vu 15 Joer getest. Ronn 70% vun hinnen iessen am léifsten italienesche Kascht. Dat ass den héchsten Taux ënnert alle Länner. An der Pizza-Etude si mer di Bescht.

Sozialsystem: A munche Beruffer, besonnesch am edukative Beräich, kréien d'Dammen, déi an aneren Ëmstänn sinn, dacks vum éischten Dag un eng Dispens an et gëtt een op senger Aarbecht fräi gestallt. Firwat schwätzt een och hei nach vu Schwanger-schafft?

Aarbechtsmaart: Eng Sekretärin huet eng Demande geschriwwen, fir bei Wikileaks schaffen ze goen. Si huet dra geschriwwen, si wier ganz gewëssenhaft, géif de Secret Professionell respektéieren ... Ech mengen, si huet keng Chance, fir geholl ze ginn.

Pisa-Etude: D'Resultater vun de Lëtzebuerger Schüler an der Pisa-Etude sinn nees duerchwuessen. Am Lounverglach ass d'Lëtzebuerger Léierpersonal awer ganz gutt klasséiert; ass dat kee Widdersproch?

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...