Weltfraendag: Den 1. Nationalen Fraendag gouf et 1909 an de USA. Um Dënschdeg gouf ganz vill iwwer den aktuellen internationalen Fraendag geschwat a geschriwwen. Gutt datt et net um Méindeg war soss wier et e Mann-day gewiescht.

RIP: De Papp vun den e-Mailen ass gestuerwen. Et goufen vill Massen gehalen fir him ze gedenken. Bei verschiddenen gouf et en urbi@orbi Segen.

Strooss gesackt: Um Boulevard Royal an der Stad war virum leschte Week-end d’Strooss gesackt. Et hate sech bis um Méindeg quasi keng Awunner beschwéiert. War dat de Fall well am Fong keng Awunner do sinn mä do just Banken installéiert sinn oder aner Sociétéiten?

Maria Sharapova; positiv getest: Di ex Nummer 1 am Tenniseenzel war och d’Diva vum Shopping. Vläicht gëtt si elo als Duo Sharapova/Meldonium d’Diva vum Doping?

Traditioun: Um Bretzelsonndeg gouf et um sportlechen Plang am Basketchampionnat eng riseg Iwwerraschung an zwar hat Ettelbréck de Leader Steesel däitlech geklappt. Et war dat definitiv de Bretz-ella Sonndeg.

AUDIO: Flunkernews 10/16 vum Serge Olmo.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...