Trump bal definitiv Kandidat: Di republikanesch Spëtzt wëll hie net, d’Minoritéiten och net an natierlech all déi, déi fir d’Demokraten wielen. Et weess een net, wéi hien esou vill Delegéierter konnt kréien. Seng Campagne huet op jidder Fall gewisen, datt hien e richtege Geschäftsmann ass, well wou hien ass, ass Buttek.

Radare vill am Gespréich: Fir sech net vun de fixe Radaren uschmieren ze loossen, ass méiglech. Et kuckt een, wou se sinn. Fir di mobil Radaren z’entdecken, dat ass méi schwéier. Mëttlerweil ginn et Leit, di Hënn dresséieren, fir déi Radaren erëmzerkennen an da bille si, fir hir Meeschteren ze warnen. Dat geet awer effektiv nëmmen bei mo-bille Radaren.

2 grouss Sujeten: Ufank der Woch gouf grad esou vill iwwer d’Radare geschwat wéi iwwer dat neit Nationalitéitsgesetz. Et sinn der definitiv di lescht Deeg vill méi geblëtzt ginn, wéi datt der di Lëtzebuerger Nationalitéit ugefrot hunn. Et goufen also di lescht Deeg net vill nei Lëtzebuerger, mä vill nei Blëtzebuerger.

Endlech een doheem: D’EU probéiert, datt d’Flüchtlingen an der Türkei gutt opgehuewe wäerte sinn. Et muss ophéieren, datt si mat delabréierte Schëffer hiert d’Liewe risquéieren, fir bis an Italien oder Griicheland ze fueren. Vläicht kënne si geschwë mat de Schëffsanker hir Schëffer a Booter an der Türkei fix histellen. Dofir diskutéiert Europa jo mat Anker-ra.

Benzema: Nodeem de Karim Benzema vun engem Riichter gehéiert gouf an der Sextape-Affär, si mer elo kuerz gewuer ginn, datt hien och beim Riichter war wéinst enger Affär mat Drogenhandel. De Stiermer vum Real Madrid huet es genuch, permanent bei engem Juge ze sinn a freet sech endlech um Terrain ze stoen…mä och do ass awer e Schiedsriichter !

AUDIO: Flunkernews 11/16 vum Serge Olmo.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...