
Ueschterhaff: Um Donneschdeg war eng Biergerversammlung a Präsenz vum Minister François Bausch. No der Versammlung waren d’Bierger vu Suessem berouegt a soten: "Gottseidank kréie mer eng Untersuchungshaft, mer hate scho gefaart, mer kriten e Radar …"
Eng Kultband op Kuba: D’Rolling Stones hunn en historesche Concert gespillt. Viru Kuerzem goufen dohanne russesch MIG-Düsen-Jäger agesat, fir sech géint di "béis" westlech Länner ze schützen; elo aus ass dem Westen eng Band geflu komm mam "MiG Jäger".
Historesch Visite vum Obama: Hie war jo bei den Ex-Feind. Firwat seet een net "zu Kuba" oder "a Kuba". Zanter Kuerzem huet sech d’Land "op" gemaach an dowéinst seet een, datt een "op Kuba" reest.
Karwoch: De leschte Week-end hate vill Parteien an och Sportfederatiounen hir Kongresser an dëse Week-end keen. Dat mécht Sënn, well an der Karwoch, wou een faaschte soll, do passt och kee Kon-graisse.
Karfreideg: Op dësem Dag gouf iwwerluecht, ob een net sollt d’Radaren ausschalten a keng Autoe flashen, well am Prinzip ass et op Karfreideg jo ouni Flash.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn a virun allem "Je suis Bruxelles".