
Reseauproblemer: Fir Chrëschtdag, Neijooschdag a soss d'Fester ass et dacks net méiglech, mat sengem Handy unzeruffen. Et muss een do säi fixen Telefon huelen. Vläicht heescht wéinst deene speziellen Deeg de fixe Reseau "Fest"netz.
Handymania: Mer si conditionnéiert vun den Handyen. Beim éischte Schnéichaos hat ech insistéiert, fir mam Handy ze telefonéieren, obwuel et net goung. Ech si bestëmmt laanscht 3 oder 4 Telefonskabinne gefuer, ouni un deen Telefon ze denken.
Team Lëtzebuerg: Et gëtt am Sport gesot "Roude Léiw, huel se". Bei der neier Vëlosequipe wäert elo geschwë gesot ginn "Leopard, iwwerhuel se".
Planning: Et ass besonnesch am Dezember, also an där Period, an där et an de Länner kal ass, datt een sech fir d'Joer drop organiséiert. Heescht dowéinst eisen Agenda och "Kal-Länner".
Politik: Wéi ech kleng war, goufen d'Italiener Biere vernannt. Dee Luschste vun hinnen all ass de Premier Bär-luschconi.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...