
Buch mat de Familljenimm: No enger Étude vun der Uni.lu, ass dee Numm deen di meescht Famillen zu Lëtzebuerg hunn, keng Iwwerraschung. Vü datt et ëm d’Fa-millen geet, huet dësen och eppes mat enger Millen ze dinn. Dëse meescht verbreedste Numm ass nämlech Müller.
Scho nees en Ausrutscher: Den Trump huet jo gesot datt d’Fraen déi ofdreiwen eng Strof misste kréien. De Kandidat wëll also datt d‘Fraen onbedéngt all d‘Bébéen op d’Welt setzen an der Hoffnung et ginn Republi-kanner.
Ëmmer méi Reklamatiounen: Mat all deenen Leit déi scho geblëtzt goufen riskéiert eise Konsumenteschutz mat Reklamatiounen iwwerrannt ze ginn. Wéi ech hinnen ugeruff hunn, hunn ech net verstanen wisou ech, obwuel ech immens rose war, mech grad un de service des content-cieux sollt mellen.
Erdogan an EU: Nom türkeschen President sengen Reaktiounen sinn ëmmer méi Leit géint en Ophuelen an d’EU vun der Türkei. Well sech europawäit de Moment gewier-t gëtt a well hien all Moment Gewierer oder soss Waffen kinnt asetzen gëtt dacks vum Erdo-gun geschwat.
Äishokey WM an der 3. Divisioun: Net all Natioun ass an der Türkei ugetrueden. Bei Lëtzebuerg si ganz vill Spiller guer net matgereest. De Gronn ass di ganz ongewëss Situatioun an der Türkei. Et ass ze verstoen well wann een eng komme léisst am Äishockey da muss ee vum Äis an et muss een eng Zäit an de „Prisong“; an an der Türkei weess ee jo net ëmmer wéini ee aus dem Prisong eraus kënnt…
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...