Grousse Skandal an England: Dat kann och eng Roll am Brexit Referendum spillen. De Premier Cameron gëtt nämlech Bedeelegung zou, déi hien virun 2010 iwwer säi Papp hat am Kontext Panama Papp-ers.

Migratiounspolitik: Bis September 2017 hëlt Lëtzebuerg 700 Flüchtlingen op. Dat ass e Rekord. Dat ass awer keng Iwwerraschung, well fir een opzehuelen brauch ee „Rekorder“.

Sprengstoff Ceinturen: Et ass elo eraus komm wisou d’Terroriste Ceinturen undinn mat Sprengstoff, awer ni Bretellen. Verschidden Djihadisten hunn zouginn, si géife bei Selbstmordattentater virun allem d’Brëtt-Hell fäerten.

Palmyra versus Lampertsbierg: Palmyra, di historesch Cité a Syrien, gouf zu engem groussen Deel vun Fundamentalisten zerstéiert. Bei eis am Land ass et de Contraire; d’Spezialiste vun de Fundamenter wäerten der Glaciskappell nees e gewëssenen historesche Glanz bréngen.

Panama Papers Revelatiounen: Hie setzt säi Räichtum ëmmer nees an de Mëttelpunkt an ass esou houfreg driwwer, datt hie mat de Suen schafft, fir sech nach méi ze beräicheren. Den Donald Trump ass deemno immens enttäuscht, datt hien emol net bei de Panama Papers am Mëttelpunkt steet.

AUDIO: Flunkernews 14/2016 vum Serge Olmo

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...