Skandaler bei de Premier Ministeren: An England ass et e rise Skandal beim Cameron. Hei zu Lëtzebuerg ass eise Premier an Diskussioun am Kontext André Kemmeron...

Dopping am Basket: Den Amerikaner vum T71 Diddeleng Christopher Jones war bei der Coupefinale gedoppt. Et gëtt am Basket Milieu vill driwwer geschwat an et ass ze héieren: Du “kriss Stoffer” beim Jones.

D'Fifa a Panama Papers:De President vun der FIFA Infantino ass voll am Skandal dran. D’Land Panama huet gutt Chancen fir op di nächst WM ze kommen an sech sech iwwer d'Play-Off Matcher ze qualifizéieren oder solle mer besser soen iwwer d'Play-Offshore Matcher? An dem Land gi scho fläisseg Panamanini Abzebiller gesammelt.

Familljeministerin a Congé Parental: De Gilles Muller huet jo géint de Gaël Monfils zu Monte Carlo verluer. Fir déi déi den Muller betreien gëtt dacks Congé Sportif gefrot. Wann et awer géint de Monfils geet wëllen dem Mulles seng Betreier d’Ministerin Cahen froen fir Congé Parental ze kréien.

Sproochen Crashcours: Den Educatiounsminister promovéiert haaptsächlech an de Crèchen de Pluriliguismus an dat wuelverstanen fir bei de Bébéen ze schaffen. Deementspriechend mussen verschidden Educateuren e Sproochen "Crèche Cours" maachen.

AUDIO: Flunkernews 15/16 vum Serge Olmo.

De nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...