
Kannerremark: "Et ass normal dat Noël mat zwou Bullen um "e" geschriwwe gëtt well di
kleng Bullen gesinn aus wéi Schnéiklatzen."
Schnéifräi: Et gouf zwar net vill driwwer geschwat mä de leschte Méindeg waren d'Fuerkonditiounen esou schlecht dat den Educatiounsministère Vakanzefräi ginn huet. D'Léierpersonal kann also den Dag méi spéit recuperéieren.
Schwéier Fuerkonditiounen: Mer hunn Summer- a Wanterpneuen fir gutt duerch den Trafic ze
kommen. Di Räich hu carrément e Summer an e Wanter Auto.
Sport: De leschte Week-end goufen wéinst dem ville Schnéi all d'Equipesportarten annuléiert just den Handball gouf gespillt. Dat ass net onlogesch well
Schnéiklatzenschéissen gesäit e wéinesch aus wéi Handball spillen.
Wantersport: Am Weltcup vum Schlittfueren sinn dëst Joer d'Japaner an d'Chinesen kloer di bescht an di präzist op der veräiste Pisten. Et schéngt e Virdeel ze sinn Schlitts-Aaen ze hunn.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...