
Internationales: An engem Prisong an den USA huet eng Fra Zwillinge krut. Et sinn ouni Zweiwel richteg Zwillingen, well si sinn aus der selwechter Zell.
Eng Noriicht aus dem Sozialen: D'Gewerkschaften erënneren drun, datt Fraen, déi op der Aarbecht nieren, 90 Minutte pro Schicht heifir zegutt hunn. Muncher maachen dofir keng Kaffispaus méi, mä just nach eng Mëllechpaus.
Schoulesches: Vill Eltere reegen sech op, well d’Schoulsäck vun de Kanner ëmmer méi schwéier ginn. Et schwäzt een demno éichter vu Schoulpro-Kilo wéi vu Schoulpro-Gramm.
Dem Serge Olmo seng Flunkernews lauschteren
Transport: Verschidden Transportfirme stelle permanent nei Leit an, d’Resultater sinn net onbedéngt terribel. Dës lescht war de Chauffeur deen Eenzegen am Bus, deen de Wee net wosst.
Trafickontrollen: De Weekend gi vill Alkoholkontrolle gemaach. An engem Auto souze 4 Raoulen. Just de Chauffeur hat ze vill gedronk.
Economie: Et gëtt driwwer geschwat, datt Lëtzebuerg en eegent Gefier soll produzéieren. Et soll e Killwon gi mat Allrad. Et gëtt dat den éischte "Fréier Mol Fréier".
Cartoon: Et gëtt bei de Simpsons, déi hir 20 Joer Existenz feieren, keng Episod, wou déi bekannt Cartoonfamill Indianer sinn. Et ass eigentlech logesch, well d’Indianer hu kee Bart.
Comeback: No China ass d'Gëlle Fra zeréck zu Lëtzebuerg an dat Ganzt behält och am Numm e gewëssene chineseschen Touch. No Shang-hai ass se elo zu Käer-jeng.
Medezin: Et ass zanter ganz Kuerzem an den USA e Medikament géint de Kappwéi um Maart, wou et komescherweis de Leit niewendru besser geet an net deem, deen d'Medikament hëlt. Et ass also e Medikament mat Niewewierkung.
Tour de France: D'Cyclisten huelen dacks eng Zeitung fir ënner den Trikot, éier si no engem Col biergof fueren. Den Andy, dee vill op sech eleng gestallt war, hat d'Gewunnecht, d'Zeitung "l’équipe" ze huelen. Esou hat hie wéinstens dee Moment d’Equipe bei sech.
Wantersport a Kriminalitéit: Am Wantersport gi laut neiste Statistike vill kriminell Affäre séier geléist. D’Police ass nämlech direkt op enger Pist.
Sportstaren: De Franck Ribéry ass jo an e Sexskandal verwéckelt. De Ribéry hat gemengt, hie wier a sengem Bayern-Kolleg Miroslav Klose sengem Haus. Hien huet also de Cabaret mat der "Maison Klose" verwiesselt.
Den nächsten normale Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn; vläicht stëmmt dat wéinstens ...