Radaren: Et gëtt enorm vill hei zu Lëtzebuerg iwwer déi vill Kontrolle geschwat. Um Donneschdeg gouf esouguer a ganz Europa "geblëtzt". Deen Dag gouf net zoufälleg erausgesicht. Et war jo en Donners-tag.

AUDIO: Flunkernews 16/2016: Serge Olmo

Oktav: D’Wuert Oktav kënnt vun der Zuel 8. D’Oktav ass zu 50% Prozent esou bekannt wéinst dem Mäertchen wéi och zu 50% wéinst dem reliéisen Deel. Dofir ass et jo och d'4-edral.

Keen Humor: An Däitschland ass de Komiker Nummer 1 scho laang den Otto. Et ass kee Wonner, datt di Däitsch net konnte verstoen, datt de President vun der aktueller Tierkei, also dem alen Ottomanesche Räich, esou hefteg op en däitschen Humorist reagéiert huet.

D’Flëss klammen: Virun e puer Deeg war wéinst dem Reen de Pegel vun der Musel geklommen. De Pegel vun der Attert war och an d’Luucht gaangen … dat awer leider wéinst enger Fuite bei Goodyear.

Skandal vu Petrobras an Olympesch Flam: Wat hunn dës gemeinsam? Beim Brenne vu Pëtrol wéi beim Brenne vun der Olympescher Flam, déi dës Woch ugemaach gouf, entsteet Rouscht oder Ruß. Wann et ëm Brasilien geet, ass de Moment egal wéi d’Ruß-eff am Mëttelpunkt.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...