
Nei olympesch Disziplin? Nieft dem Diskuswerfen, dem Bommschéissen, dem Späerwerfen gëtt et elo d’Disziplin vun de „Lanceurs d’Alerte“. Den Ënnerscheed ass datt d’Lanceuren an der Liichtathletik éischter breet a schwéier sinn. D’Lanceurs d’Alerte dogéint sinn éischter gouereg wéi den Deltour, den Assange an haaptsächlech de Snow-dënn.
Luxleaks Prozess an Oktav: Besonnesch um éischten Dag vum Prozess ware ganz vill Journalisten bei der Cité Judicière an dat also net wäit ewech vun der Kathedral. Dee Genre Cortège kinnt een als Prozess-ssioun bezeechnen.
Schlëmm an enttäuschend: Den Dennis Hastert, ex Spriecher vum US Repräsentantenhaus mat Lëtzebuerger Originnen, ass net nëmmen Éierebierger vu Rouspert mä dee Mann, deen wéinst sexuellen Mëssbrauch vun engem jonke Mann accuséiert gëtt, hat zu Rouspert grad engem Pompjeesbau säi Numm ginn.
Ganz geféierlechen Trend an Éisträich: Am 1. Tour vun de Presidentschaftswahlen hu jo di marinblo Rietspopulisten vun der FPÖ däitlech gewonnen. Di franséisch Rietspopulisten vum Marine Lepen wëllen vun dem Elan profitéieren a wëllen och di Moud vum Tréma um „O“ ëmsetzen. D’Partei gëtt vläicht an Zukunft a „Frönt National“ ëmgedeeft an si soen d’Partei wier elo nach méi marinblo also Tréma-rine.
Decisiven Match am Football: Besonnesch d’Fola wollt net um Sonndeg, éischte Mee, géint Diddeleng spillen mä um leschten Abrëllsdag. Di Escher wollten evitéieren datt Diddeleng d’Mee-schterschaft wënnt.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...