AUDIO: Flunkernews

Luxleaks Prozess: Virum Prozess haten di gréng Europa Deputéiert, ënner hinnen och den Lëtzebuerger Deputéierten, d’Whistle Blowers an engem Schreiwes verdeedegt. Am haapt Ugekloten Deltour sengem Numm ass jo d’Wuert „Tour“. Kee Wonner datt eisen Deputéierten Turm-es sech him no fillt.

Leicester Champion an England: Villen war bis viru Kuerzem emol net bewosst dat Leicester géif „Lester“ gelies ginn. Fir di ganz Fussballwelt ass de Championstitel e Rätsel. Iergendwéi ass et passend well „Lester“ vun hanne no vir „Retsel“ gelies gëtt.

Wolz am Mëttelpunkt: Op Christi Himmelfahrt ware ganz vill Chrëschten mat Originen aus Portugal an dem Kapvert op Wolz gepilgert. Um éischte Mee war et de Chrëschtlechen Gewerkschaftsbond. Do hate ganz vill Leit eng gréng Kap un wat jo am Fong bei de „Kap Vert“ passt…

Virwahlen an de States: Meeschtens gëtt um Dënschdeg gewielt wéi elo um „Indiana Tuesday“. Virun der Wahl hat den Donald Trump de Ted Cruz provozéiert. De Milliardär sot dem Cruz säi Papp wier a Kontakt mam Lee Oswald gewiescht deen op de Kennedy geschoss hat. Et ass schaarf geschoss ginn virum „Indiana Schuss day“.

Tour de Romandie: De Nairo Quintana gewënnt deen Tour an den Chris Froome hat d’Kinneksetape gewonnen. Et hätt net gespasst wann de Nairo Queen-tana och d’Kinneksetape gewonnen hätt.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...