Contactless: An ëmmer méi Geschäfter kann ee bis eng gewëssen Zomm bezuelen an dem een seng Kaart just bei den Apparat hält. D’lescht krut ech de Payement awer an engem Brëllegeschäft refuséiert. Vläicht war et well ech Kontaktlënsen kaf hat???

Nach weider Radaren: Verschidde Radaren hunn zimlech vill prominent Leit geblëtzt an dës Kruten hier Foto heem geschéckt. Dat hu si zu Cannes matkrut a si wëllen och elo fir de Festival esou Radaren kréien. Et sinn dat Paparadar-razzi.

Lutte géint den Terrorismus: Lëtzebuerg hëlleft aktiv mat an dat ass gutt mä ass dat kee Widdersproch well am November goufen hei am Land d‘prepaid Telefonskaarten verbueden wéinst Terroristegefor an dee meescht gesichtesten Terrorist Abdeslam gouf wéinst senger prepaid Kreditkaart erëmfonnt…

Staatsvisite: Et gouf e „Finland-Luxembourg Business Forum“ bei der Visite gegrënnt. Dëst ass eng Plateforme am Kontext Economie. Wann eppes „Platt“ ass seet een op englesch „Thin“. Dat passt bei der Kollaboratioun tëscht Lëtzebuerg a „Thin“land.

De Bob am Giro: De Bob Jungels fiert bis elo e ganz staarken Giro. Dat hien de Maillot vum beschte Jonken huet ass nëmme logesch wann ee säin Talent huet an Jung-els heescht.

AUDIO: Flunkernews 19/16 vum Serge Olmo.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...